RECHTSBERÄICHER
Fir Iech eng éischt Anuerdnung vun Ärem Rechtsproblem bidden ze kënne fannt Dir op dëser Säit fir d’éischt e kuerzen Iwwerbléck iwwer déi verschidde Rechtsberäicher. Dës soll Iech Sécherheet ginn an Iech op dat éischt Gespréich mam Affekot virbereeden. Dës Säite ginn an der nächster Zäit mat Informatioune kompletéiert déi fir den Affekot wichteg sinn an déi Dir fir dat éischt Gespréich sollt bereethalen. Et gëllt de Grondsaz:
„Nëmme wann een de Saachverhalt komplett erfaasst huet ass een an der Lag dat rechtlecht Problem ze erkennen an ze léisen.”
Klickt w.e.g. no Bedarf op déi Rechtsberäicher, do fannt Dir och rechtlech Informatiounen an informativ Links.
Op dëser Plaz wëlle mir Iech schonn drop opmierksam maachen datt et fir Iech vu Virdeel ka sinn e Rechtsschutzversecherungsvertrag ofzeschléissen. Dëse sollt op de perséinleche Versécherungsbedarf ofgestëmmt sinn. Och fir Firmaë ginn an Tëschenzäit nees Produiten ugebueden déi sech absolut fir Iech rentéiere kënnen.
Falls Dir schonn esou ee Vertrag hutt, da kann den Affekot dëse gär op Äre perséinleche Bedarf hin iwwerpréiwen. Dat hëlleft Iech d’Anusprochnam vum Affekot ze plangen an d’Käschten dovu virausgesinn ze kënnen.